Et war wéi all Joer: D’Yellow Boys ruffen, an d’Fuesboke komme gelaf. Och um Samschdeg, den 8. Februar 2020, war um Kannerfuesbal an der Sportshal nees eng lass. Vill Erwuessener a Kanner hu sech vum Jonn Happi gutt ënnerhale gefillt. D’Begeeschterung war grouss an och déi 2 fantastesch Tombolaen hunn erëm Kleng a Grouss vill Freed gemaach.