Eis Poussins hunn et an d’Halleffinall vum Indoor-Championnat gepackt. Zu Weiler hunn se den 1. Match mat 1:2 géint Bieles verluer, ier et 4 Victoiren géint Beggen (4:0), d’Etzella (2:1), Miedernach (4:2) an d’Entente Bruch-Béiwen (1:0) goufen. Bieles ass déi 1. gi mat dem Maximum vun de Punkten (15) virun de Yellow Boys (12).

D’Halleffinall ass de Weekend vum 1./2. Februar.