Eis Minimes sinn um Sonndeg zu Weiler am Repêchage vum Indoor-Championnat op déi 5. a lescht Plaz komm. Géint Käerjéng gouf et direkt eng 1:3-Defaite, ier d’Yellow Boys géint Rodange mat 2:0 a Féierung louchen a sech um Enn awer hu misse mat 2:3 geschloe ginn. Den eenzege Punkt konnt géint Äischdall (0:0) geholl ginn, well och dem CS Uewerkuer war d’Ekipp vum Trainer Tom Wagner mat 1:2 ënnerleeën.