Eis Poussins hunn de Kayser Cup, en Halenturnéier mat Banden, zu Rouspert gewonnen. Géint Stroossen gouf et en 1:1, ier d’Matcher géint Rouspert (2:1), Gréiwemaacher (5:1) an Hueschtert (2:1) gewonne goufen. An all Match huet d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann Moral gewisen, well se louch ëmmer mat 0:1 hannen.