No de Poussins stinn och eis Scolaires am 2. Tour vum Indoor-Championnat. Zu Weiler hunn d’Yellow Boys mat 10 Punkten déi éischt Plaz ënner 5 Ekippe beluecht.

Géint RM Hamm Benfica gouf et direkt eng 3:1-Victoire, ier Réimech-Bus mat 5:0 bezwonge gouf. Géint Hesper konnten déi Weiler e knappen 1:0-Erfolleg feieren an zum Ofschloss gouf et dunn en 3:3 géint Beggen.

Den 2. Tour spillen si de Weekend vum 26. Januar géint d’Entente Lëntgen/Miersch, Beetebuerg, de Racing, Stroossen an 1 Géigner, dee nach net bekannt ass.