E Freideg fänkt fir eis 1. Ekipp nees den Training no der Wanterpaus un. Den Trainer Jhemp Almeida huet och e puer Testmatcher virgesinn, fir d’Ekipp op d’Réckronn, déi den 1. Mäerz auswäerts bei der Union Mäertert-Waasserbëlleg ugeet, virzebereeden. Hei sinn d’Datumer, déi Dir Iech notéiere sollt:

14. Januar um 20 Auer: Yellow Boys – Réimech-Bus
25. Januar um 17 Auer: Yellow Boys – Suessem
4. Februar um 20 Auer: Mamer – Yellow Boys
7. Februar um 20 Auer: Miersch – Yellow Boys
11. Februar um 20 Auer: Yellow Boys – Stengefort
16. Februar um 16 Auer: Yellow Boys – Beetebuerg
21. Februar um 20 Auer: Gréiwemaacher – Yellow Boys