Den Andy Reuter koum virun der Saison 2017/2018 vun Izeg op Weiler. Als Zentralverteideger huet hien sech säitdeem eng fest Plaz an der Yellow-Boys-Ekipp geséchert. An dëser Saison stoung hie nach bei all Championnatsmatch um Terrain. No dëser Saison hält den 31-Järege wuel op, och wann en sech gär eng Hannerdier ophält. Mir hu mat him iwwer d’Hironn geschwat a gekuckt, wat an der Réckronn muss besser ginn.

Wéi zefridde bass du mat der Hironn?

Ech menge, mir kënnen zefridden si mat der Hironn a mat deenen 13 Punkten, déi mer bis elo hunn. Wann ee kuckt, wou Weiler virun 2 Saisonen stoung a bedenkt,  dass Weiler nach ni a senger Fussballgeschicht an da Éierepromotioun gespillt huet, ass dat net schlecht. Mat e bësse méi Gléck a Reussite hätte mir eventuell 2 bis 4 Punkte weider a géife nach besser an der Tabell do stoen an hätte manner Drock fir d’Réckronn. Mat 28 Punkten misst een theoretesch an der Éierepromotioun bleiwen, mee et ass nach ee laange Wee bis dohin. Den éischte Match bei Mäertert-Waasserbëlleg ass schonn immens wichteg an e 6-Punkte-Match. Et muss een och bedenken, dass eis eng ganz Rei vu Spiller iwwer de gréissten Deel vun der Hironn net zur Verfügung stoung (Batta, Jackson, Paul, Kevin, Levy, Joyce, Bosso, Jon an Oskar…). Den Trainerstaff konnt ni mat der stäerkster Ekipp optrieden. Mee bon, et huet elo och kee Wäert ze soueren. Dofir kruten déi Spiller, déi zur Verfügung stoungen, hier Chancen, sech ze beweisen.

Foto: Paul Krier


Du bass nieft dem Sidney Loes den eenzege Spiller, deen an all Championnatsmatch agesat ginn ass. Wéi fält däi perséinleche Bilan aus?


Ech perséinlech sinn zefridde mat mengen Prestatiounen. Mee dat ass net un mir ze jugéieren, dofir ass den Trainerstaff zoustänneg. Dass ech mam Sidney déi 13 Matcher um Terrain stoung, confirméiert eis Leeschtung vun der Hironn. Mee dat ass net dat wat zielt, am Fussball muss een als Ekipp optrieden, an do gewënnt a verléiert een zesummen. Fussball ass a bleift een Ekippesport.

Déi lescht 4 Matcher konnt keng Victoire gefeiert ginn. Bass de frou, dass d‘Wanterpaus du koum?

Mat e bësse méi Reussite an deene leschten Matcher wier méi dra gewiescht. Ech denken do un den Match géint d’US Esch, an deem mer 3 Punkte verdéngt haten (onverdéngt mat 1:3 verluer hunn), oder elo un de Nohuelmatch géint RM Hamm Benfica, dee mer onverdéngt mat 0:3 verluer hunn. Mee, et ass leider esou am Fussball, dass wann s de déng Goler net méchs, dass de da  bestrooft gëss. Och géint Steesel wier e Punkt verdéngt gewiescht. Mir sollen awer net méi zréck kucken an mussen d’Punkten elo an der Réckronn huelen. Am Fussball ginn et keng Excusen. D’Wanterpaus komm elo genau richteg, fir e bëssen ze recuperéieren an dass mer déi Spiller, déi verletzt waren, erëm recuperéieren fir kënnen Ufank Januar d’Preparatioun op d’Réckronn ze starten.

An 13 Matcher hunn d’Yellow Boys nëmmen 12 Goler geschoss. Wouru läit et, dass offensiv net méi Goler falen?

Mir kréien eis dës Saison nach net esou duerchgesat wéi lescht Saison. Dat Ganzt huet divers Grënn. Een dovunner ass, dass mir de Rhythmus net mat an d’Matcher kréien (duerch Verletzungen muss ëmmer vill gewiesselt ginn), dann ass et och normal, dass d’Automatismen net do sinn. Een anere Grond ass, dass d’Ekipp och vill defensiv Efforte maache muss, dann hues de villäicht net ëmmer déi néideg Kraaft, fir offensiv nach d’Differenz ze maachen. Nach ee weidere Grond ass sécherlech och, dass mer aus diverse Grënn net déi néideg Transferten am Summer gemaach kritt hunn. Och d’Verletzung vum Oskar Douty huet eis net gutt gedoen. Dofir hoffen ech, dass de Veräin déi néideg Efforte ka maachen, fir do nach eemol déi  Verstäerkung ze huelen. Mee et muss een och agesinn dass dës Saison aner Géigner do stinn wéi dat nach an der 1. Divisioun war.

Gëtt et 1 Match deen s du gär nach emol géifs spillen?

Jo, de Match géint Rëmeleng, do hunn mer als Ekipp einfach versot a verdéngt mat 0:3 verluer. Dat war eise schlechtste Match vun der Hironn. Dee Match misste mer nach eemol spillen fir dem Trainerstaff an de Supporter ze beweisen, dass dat een Ausrutscher war. Mir kënnen dat vill besser.

Nenn eis 3 Grënn firwat Weiler och déi nächst Saison an der Éierepromotioun spillt?

Well ma 30 Punkten erreechen wäerten a well d’Ekipp an de Veräin mat senge Supporter et verdéngt huet nach e Joer an der Éierepromotioun ze spillen. D’Leit am Comité maache vill fir de Veräin. An et wier wichteg, dass eis Jugendspiller direkt kéinten op engem gudde Niveau spillen, falls se de Sprong an déi éischt Ekipp packen. A mir wéilten och de Leit dobausse beweisen, dass och een Duerfveräin (mat engem limitéierte Budget) et ka packen, fir sech an der Éierepromotioun z’etabléieren. Hei ass Weiler!

Muss an der Transfertzäit nach emol gehandelt ginn, fir de Kader ze verstäerken?

Jo onbedéngt, mir brauchen nach 2 Offensivspiller, déi d’Differenz maachen. Leider sinn am Summer net déi néideg Transferte gemaach ginn, fir d’Ekipp weider ze verstäerken. Defensiv sti ma relativ gutt. Mee et ass net einfach, Spiller op Weiler ze kréien, well mir hu mat Miedernach de klengsten Budget an der Éierepromotioun. Déi meescht gutt jonk Spiller gi sech léiwer an e grousse Veräin op d’Bänk setzen, well se do méi verdéngen. Leider gëtt am Fussball ze vill op d’Geld gekuckt amplaz sportlech Ambitiounen ze hunn.

Firwat konnt d’Euphorie aus der leschter Saison net mat an dës Saison geholl ginn?

Mir hate keng gutt Preparatioun, vill Spiller waren einfach nach net prett fir den Ufank vum Championnat ze spillen. En zweete Grond war, dass et immens schwéier war, déi nei Spiller an de Grupp z’integréieren. En anere Grond war villäicht, dass e puer Spiller gemengt hunn, duerch den Opstig an de Gewënn vun der Coupe FLF géif et dëst Joer vum selwe goen.

Wéi eng Ekippe packen et, fir an d’BGL Ligue ze steigen?

Wann een den Budget vun Hesper kuckt, dann muss een Hesper zu den Favoritten fir den Opstig an d’BGL Ligue zielen. Wann een hir Resultater elo zum Schluss kuckt, mierkt een, dass se un d’Rulle komm sinn. Zum Gléck spille mer eréischt de leschte Match géint se, an hoffen, dass dee Match kee méi Punkte brauch fir déi sportlech Ziler z’erreechen. Donieft wäert Wolz (déi fir mech den stäerksten Androck hannerlooss hunn) a Rëmeleng nach fir matspillen. Mee d’US Esch wäert och nach ee Wuert do matschwätzen.

Foto: Yann Hellers

Wéi gesäit deng fussballeresch Zukunft aus?

Et ass meng 3. Saison zu Weiler, an ech hu fir 3 Joer zu Weiler ënnerschriwwen. Et wäert warscheinlech meng lescht Saison sinn, mam Zil,  an der Éierepromotioun ze bleiwen. Ech wëll deemnächst méi Zäit mat menger Famill verbréngen. An ech hunn nach aner Projeten en vue ausserhalb vum Fussball. Ech hu mat 16 Joer ugefaangen, an der 1. Ekipp ze spillen. Mol kucken wéi d’Saison ausgeet an ech sinn ëmmer bereet driwwer ze diskutéieren, wéi et no der Saison wäert weider goen.

Kanns du dir virstellen, no denger aktiver Karriär Trainer ze ginn?

Ech war schonn wärend 6 Joer Jugendtrainer, an och dofir geet vill Zäit drop. Ech wëll de Fussball gär mol e bëssen an den Hannergrond drängen a méi Zäit mat der Famill verbréngen. Fir kënnen Trainer ze sinn, brauch een och erëm déi néideg Formatiounen an Diplomer an dofir brauch een alt nees vill Zäit. Spéiderhin soen ech villäicht jo, mee elo direkt mengen ech éischter net. Ech loosse mer awer ëmmer gär eng Hannerdier op. Et muss einfach alles passen, sportlech wéi och am Privatliewen.