Eis Cadets hunn um Sonndeg ënner schwéiere Konditiounen mat 5:1 bei RM Hamm Benfica gewonnen. An der Paus stoung et 3:0 fir d’Yellow Boys, déi de leschte Match géint Steesel alles an der Hand hunn, fir an déi 2. Klass ze steigen.

Fir eis Poussins II ass et net sou gutt um Sonndegmoien gelaf. Si hu mat 1:5 géint d’Entente Menster III verluer. “Mir hu géint eng spilleresch besser Ekipp verluer. D’Jungs hu bis zum Schluss gekämpft. Kapp héich a weider esou”, huet den Trainer Roland Wolff gemengt.