Eis Pupilles III hunn um Samschdeg mat 2:3 géint Kielen II verluer. “D’Kanner hunn haut dat ëmgesat, wat um Training um Programm steet!! Mär stoungen héich, d’Manndeckung war gutt an eist Passspill gëtt ëmmer besser!!! Et war 1:2 an der Paus fir Kielen, wou Weiler nach kuerz virdrun de Potto geroden huet! Déi 2. Halschent war Weiler zu 80% virum Kielener Gol präsent, mee et ass eis net gelongen, méi draus ze maachen!!”, sou den Trainer Carlo Dorotea.