Eis Pupilles I haten um Samschdeg e Frëndschaftsmatch géint d’Entente Menster an hun dëse mat 4:0 gewonnen. An der Paus stoung et 3:0. “Flotten Ofschloss vum Futtballjoer 2019 dobaussen um Terrain. An engem ausgeglachene Match hu mir eis Golchancen genotzt, iwerdems eise Géigner sech zumols un eisem Golkipp d’Zänn ausgebass huet. Merci dem Fränk Bourgnon fir de Match a fir de Bouquet virdrun 😎”, sou den Trainer Léon Zahlen.