Eis Pupilles I hu mat 1:5 zu Sandweiler verluer. An der Paus stoung et 3:0 fir d’Lokalekipp. “Et gëtt Deeg, do klappt näischt, a bei deenen Aneren alles. Haut war sou e Match. Sandweiler huet aus senge puer Golchancen den Optimum erausgeholl, iwerdeems hätte mir kënnen nach 5 Stonne spillen ouni eis ze belounen. Spilleresch war et allerdéngs eng vun eise méi schwaache Virstellungen. Eisen Éiregol kuerz viru Schluss war méi wi verdéngt, an engem Match wou menger Equipe kämpferesch absolut kee Virworf ze maachen ass. D’Réussite war haut leider op der anerer Säit”, sou den Trainer Léon Zahlen.