Eis Pupilles II hunn zu Suessem mat 9:7 gewonnen. An der Paus stoung et 5:4 fir d’Yellow Kids. “Et war déi bescht Leeschtung vu menge Kanner. Déi éischt Halschent ass et géint e staarke Géigner vill hin an hir gaangen. Sinn immens houfreg op meng Ekipp. Hei ass Weiler”, sou d’Trainerin Sally Strasser.