Eis Bambinis I hunn um Samschdegmoien zu Diddeleng gespillt. Géint Rëmeleng gouf et e 0:0, obwuel Weiler 3 Mol de Potto getraff huet. An och géint den F91 a Schëffleng stoung d’Null hannen a vir. “Eng Toppleeschtung vu jidderengem an et war einfach ze kal, fir e Gol ze schéissen ;). E Merci geet och un d’Elteren, déi d’Kanner super ugefeiert hunn”, huet de Coach Sylvain Steil erkläert.