Eis Minimes II hu sech mat 4:1 géint d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt duerchgesat. An der Paus stoung et 3:0. “Et war eng super 1. Halschent vun de Jongen. Si sinn op den Terrain gaangen an hu gewisen, wat si wollten, nämlech déi 3 Punkten doheem halen. Och mat engem enke Kader hu mer alles ginn. Elo heescht et weider schaffen an un de nächste Match denken”, sou den Trainer Dani de Jesus.