Eis Pupilles III hunn um Samschdeg géint RM Hamm Benfica II gespillt a mat 1:12 verluer. “D’Resultat spigelt d’Leeschtung vun de Kanner net zréck. Mir waren 1:0 vir, mee dono ass dem Géigner einfach alles gelongen. Mir hate grad souvill Chancen, mee mir hu vun hannen erausgespillt an et ass e wäite Wee bis an de Gol. Vill Ballverloschter an der Mëtt hunn zu Géigegoler gefouert. Schued, dass d’Resultat sou ausgefall ass, mee et war e flotten Asaz vu menger Ekipp. Weider esou”, huet den Trainer Carlo Dorotea gemengt.