Eis Bambinis II hunn um Samschdegmoien hir 3 Matcher zu Käl verluer. Géint d’Fola (0:5), Käl-Téiteng (0:3) a Menster (0:2) hunn d’Yellow Kids kee Gol geschoss. “D’Motivatioun vu menge Kanner war zwar do, mee d’Konzentratioun huet schnell nogelooss a si waren iergendwann sou midd, dass se vergiess hunn, dem Ball nozelafen. Déi nächst Turnéier gi bestëmmt besser”, sou d’Trainerin Shana Reinertz.