Eis Seniors II/U23 hunn um Méindeg mat 5:0 géint Beetebuerg gewonnen.

“Mir hunn e puer Minutte gebraucht fir an de Match ze kommen, sou hat Beetebuerg déi 1. Golchance no e puer Minutten. De Joé Walter huet op der Linn virun engem Stiermer degagéiert. No 25 Minutten hu mir dunn den 1:0 geschoss. No engem Corner krut Beetebuerg de Ball net eraus an de Micael Silva Carvalho huet getraff. Mir waren dono weiderhin déi besser Ekipp a sinn an der 40. Minutt belount ginn. No enger gudder Aktioun vum Joel Teles a Michel Martins huet de Mich den 2:0 geschoss. An der 2. Halschent hunn de Marco Di Bari (57.’), Jérémy Malonga (70.’) a Yann Olafsson (85.’) weider Goler geschoss”, sou den Trainer Orlando da Rocha.

Opstellung: Wetzel, de Jesus (46.’ Ruppert), Bukvic, Walter, Silva Carvalho, Maceratesi, Di Bari, Teles (60.’ Hippert), Martins, Komes (60.’ Malonga)