Eis éischt Ekipp huet um Sonndeg 0:0 géint Monnerech gespillt. “Et ass e gudde Punkt fir eis. Mir wollten aus de leschte Matcher 6 Punkten huelen, elo sinn et der 7”, sou den Trainer Jhemp Almeida.

Monnerech koum no enger hallwer Stonn besser an de Match. Mee déi éischt Halschent sollt kee Gol falen. 

No 55 Minuten hat Weiler eng gutt Chance. No enger Flank vum Kevin Hoffmann konnt de Golkipp dem Glenn Borges säi Kappball iwwer d’Lat drécken. An der Nospillzäit huet de Golkipp vun de Yellow Boys, Lucien Pina Cruz, dunn e staarke Reflex gewisen an e Punkt gerett. Sou bleiwt Weiler an der Tabell 1 Punkt hanner Monnerech.

Opstellung: Pina Cruz, Loes, Reuter, Furst, Bernard, Bellini (73.’ Martins), Bosso, Mangen (88.’ Silva Carvalho), Hoffmann, Garcia (59.’ Camara), Borges