Fir vill Ekippe war et kee gudde Samschdeg: Manchester United, den FC Barcelona an den FC Bayern München hu genausou missen eng Defaite hinhuele wéi eis 3 Jugendekippen.

– Eis Minimes hunn an der Coupe mat 0:4 géint Schëffleng verluer. An der Paus stoung et 0:2.

– Eis Scolaires II hunn en Testmatch géint Beetebuerg mat 0:6 verluer. “D’Resultat war net wichteg. D’Spiller hunn e gudde Match gewisen am Spillopbau, der Mentalitéit an och dem Engagement. Technesch an taktesch goufe Feeler gemaach, mee mir wäerten doru schaffen. Ech sinn houfreg op déi Ekipp, déi bis op 1 Ausnam aus e lauter Spiller vum Joergang 2006 bestanen huet. Dir sidd um richtege Wee”, sou den Trainer Joyce Regazzi.

– Eis Junioren hunn an der Coupe du Prince mat 1:3 géint Ierpeldeng/Bastenduerf verluer. An der Paus stoung et 1:1.