E Sonndeg ab 16 Auer kënnt et am Dieltchen zum Duell vun 2 Opsteiger, wann eis éischt Ekipp den FC Monnerech zu Gaascht huet.

An de leschte 5 Dueller tëschent dësen 2 Ekippen konnt sech all Ekipp 2 Mol duerchsetzen, 1 Mol sinn d’Punkte gedeelt ginn. Dës Saison huet Monnerech 13 Punkte gesammelt. D’Ekipp vum Trainer Angelo Fiorucci huet domat 1 méi wéi d’Yellow Boys. Wa Weiler deemno géif gewannen, géifen de Kevin Hoffmann a Co. de Géigner an der Tabell iwwerhuelen.

D’Yellow Boys hu leschte Sonndeg mat enger 3:2-Victoire zu Käerjéng fir eng Iwwerraschung gesuergt. Géint Monnerech sollen d’Punkten am Dieltchen bleiwen. Verzichte muss den Trainer Jhemp Almeida op den Giuliano Jackson, Paul Gomez, Mamadou Sall, Oskar Douty, Selim Ainahi, Thomas Battaglia a Levy Rougeaux (all verletzt) sou wéi den Ervin Huremovic (perséinlech Grënn).

Kommt all e Sonndeg an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp! Hei ass Weiler!