– Eis Pupilles I hunn um Samschdeg mat 2:3 zu Izeg verluer. An der Paus stoung et 1:0 fir déi Blo-Wäiss. “An engem spannende Match hunn eis Pupilles 1 zu Izeg onglécklech matt 2:3 de Kierzere gezunn. An der Paus stoung et 1:0 fir di Blo-Wäiss. Et war en ausgeglachene Match, an deem eis Equipe matt groussem Asaatz iwerzeegt huet. Dogéint huet zumols an der zweeter Halschend d’Chancenauswertung ze wënschen iwreg gelooss. D’Yellow Boys wollten sech an der Schlussphas och net no engem 0:3-Réckstand geschloe ginn a sinn nach eng Kéier bäikomm. Kämpferësch mecht deser Equipe keen eppes vir, spilleresch war et e weidere Schrëtt an di richteg Richtung. E grousse Merci geet nach un den FC Blo-Wäiss, deen d’accord war fir de Match op nomëttes ze verléen an zu Izeg ze spillen”, huet de Coach Léon Zahlen erkläert.

– D’Scolaires hu mat 0:6 géint d’Jeunesse verluer. An der Paus stoung et 0:2 aus Weiler Siicht. “Mir hunn an der 1. Halschent gutt gespillt an eis Chancen erausgespillt, dës awer net genotzt. An der 2. Halschent ware mer an alle Beräicher manner gutt an hu 4 Goler kasséiert”, sou den Trainer Joyce Regazzi.

– D’Junioren hu sech dem F91 II misse mat 2:3 geschloe ginn. An der Paus stoung et 1:0 fir Weiler. Den 3:2 huet Diddeleng an der 88. Minutt geschoss.