– Eis Bambinis I hunn um Samschdegmoien zu Monnerech gespillt an hir 3 Matcher gewonnen. Géint Titus Péiteng (5:0), Monnerech (3:2) a Rodange (1:0) goufen et Victoiren. “Déi 2. Kéier all d’Matcher gewonnen. Et gëtt eng gutt Saison”, freet sech d’Trainerin Danielle Mersch.

– Eis Bambinis II hu sech zu Esch och gutt druginn. Si hu 0:0 géint d’Jeunesse gespillt an den 2. Match mat 0:6 géint den F91 verluer. “Den 2. Match waren d’Kanner e bëssi midd. Am grousse Ganzen war ech ganz zefridden, an d’Kanner, déi vill Spaass haten, och”, sou d’Trainerin Shana Reinertz.

– Eis Pupilles II hunn doheem géint Cebra gespillt a mat 2:10 verluer. An der Paus stoung et 0:6. “Déi éischt 10 Minutten hu mir gutt gespillt an eis Golchancen erausgespillt, mee se leider net genotzt. Déi 2. Halschent hu mir nach emol alles ginn an 2 Goler geschoss. Meng Kanner hunn dat tipptopp gemaach, well mir och 6 géint 6 gespillt hunn, well de Géigner net genuch Spiller hat”, sou d’Sally Strasser. De Ball gouf gestëft vun der Firma Wezenberg.

– Eis Pupilles III hu mat 3:7 bei Gaasperech II verluer. “Mir hu gutt matgespillt. An der Paus stoung et 2:2. Den 3:3 konnten d’Kids bis an déi 40. Minutt halen, dunn huet d’Kraaft eis verlooss. Och wa mir de Match verluer hunn, war et eng super Leeschtung vun de Spiller. Weider sou Kanner”, huet den Trainer Carlo Dorotea gemengt.