Eis Seniors II/U23 hunn um Méindegowend doheem géint Rëmeleng gespillt. Déi Weiler hu sech misse mat 2:5 geschloe ginn.

Scho no 4 Minutten hunn d’Gäscht eng éischte Kéier getraff, well de Rëmelenger Stiermer méi séier war wéi d’Ofwier vun der Lokalekipp. No 24 Minutte stoung et 2:0 fir d’Gäscht aus dem Minett. No engem Corner haten d’Yellow Boys d’Situatioun scho bal gekläert, hu sech dunn awer nach iwwerrasche gelooss.

Kleng Hoffnung da virun der Paus. Mat engem Wäitschoss aus 40 Meter iwwer de Golkipp huet de Max Mangen den Uschloss nees hirgestallt. Mat 1:2 aus Weiler Siicht sollten dunn d’Säite gewiesselt ginn.

An der 70. Minutt ass de Yellow Boys dunn den Ausgläich gelongen. De Kevin Hoffmann huet den 2:2 markéiert.

Dono ass Weiler allerdéngs agebrach: 3 weider krass Feeler hunn zu 3 weidere Géigegoler gefouert, sou dass Rëmeleng d’Kaddoen gären ugeholl huet an um Enn mat enger 5:2-Victoire konnt Heem fueren.