Et war den erwaarte schwéiere Macth, deen eis éischt Ekipp zu Wolz um Sonndeg hat. Um Enn gouf et eng 1:4-Defaite. An der éischter Halschent war schonn alles gelaf (0:4).

An der 17. Minutt huet et eng éischte Kéier gerabbelt. De Sanel Ibrahimovic huet den 1:0 fir déi Wëltzer geschoss. Dëse Virsprong sollt d’Lokalekipp an der 32. Minutt ausbauen, wéi de Pita Schimei de Wee an de Gol fonnt huet. De fréiere Fussballer vum Joer Sanel Ibrahimovic sollt dono säin 8. Saisongol schéissen -> 3:0 an der 36.’. An domat war awer an der éischter Halschent nach net genuch, well déi Wëltzer a Persoun vum Adis Civic och nach en Handeelefmeter genotzt hunn.

An der 55. Minutt hunn d’Yellow Boys dunn och markéiert. Op en Handeelefmeter hin huet de Glenn Borges säin éischte Gol fir dës Saison geschoss. Beim 1:4 sollt et dunn och bleiwen.

Opstellung: Pina Cruz, Loes, Reuter, Bernard, Silva Carvalho (46.’ Teles), Huremovic, Regazzi, Bellini (64.’ Mangen), Martins, Camara, Garcia (46.’ Borges)