Eis Poussins I hunn der Entente Déifferdeng/Luna II um Sonndeg keng Chance gelooss an 13:0 gewonnen. De Ball gouf gestëft vum Fernand Reuter.

Eis Poussins II hu sech mat engem 3:3 vun der Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt II getrennt.

“D’Jungs hu gutt gekämpft bis zum Schluss. Net opginn, ass d’Devise. Merci Jungs a weider esou”, sou den Trainer Roland Wolff.