Eis Scolaires hunn hire Match zu Munnerëf géint Munnerëf/Schengen/Uespelt mat 2:1 gewonnen.
“Eng flott Victoire vu menger Ekipp. Mir wäert virun allem déi gutt Mentalitéit an de Kampfgeescht vu menge Spiller an Erënnerung bleiwen. Déi éischt Halschent hu mer e puer ganz interessant Phase gesinn. Déi zweet Halschent war de Spillobpau e bëssi méi schwéier, mee d’Ekipp huet net opginn fir dës éischt Victoire ënner Daach ze brengen. Dës Ekipp wäert e gudden Ekippegeescht kréien. Ech sinn houfreg op si”, huet den Trainer Joyce Regazzi gemengt.