– D’Pupilles II hunn 1:1 zu Beggen gespillt. “Mir hunn eis super Golchancen erausgespillt a sinn och dunn 1:0 a Féierung gaangen. Wéi ëmmer, ass duerch e Feeler an der Ofwier den 1:1 gefall, mee trotz allem war ech haut super zefridden”, huet d’Trainerin Sally Strasser erkläert.

– Eis Pupilles III hunn um Samschdeg doheem géint Stengefort gespillt. Um Enn gouf et eng 2:8-Defaite.
“Trotz der Néierlag hunn eis Jungs erëm bewisen, dass mer um gudde Wee sinn, fir eis mat Passen Richtung Gol virzeschaffen. Et war e schéine Match, an deem eis Supporter vill matgeäifert hunn”, sou den Trainer Carlo Dorotea.

– D’Minimes I hunn 1:1 zu Éilereng gespillt.
“No 10 Minutten louche mir schonn 0:1 hannen. Éilereng hat 1 Mol wärend dem ganze Match op de Gol geschoss. Bis op 1 Mol Potto hu mir kee richtegen Ofschloss virum Gol fonnt. D’Jongen hunn op deem Aker probéiert, dat Bescht draus ze maachen. Gott sei Dank hu mir awer nach den Ausgläich an der 55. Minutt fonnt, et war méi wéi verdéngt. Weider esou Jongen, dir hutt gutt zesumme gespillt”, sou de Jeff Schmit, deen den Tom Wagner als Trainer ersat huet.

– D’Minimes II hu mat 3:1 géint d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt II gewonnen.
“Et war e flotte Match mat 2 Ekippen um selwechte Niveau. E super Engagement vun alle Spiller an engem Match, an deem de Wëllen entscheedend war”, huet den Trainer Daniel de Jesus gemengt.