No der 0:3-Defaite géint Rëmeleng steet eis éischt Ekipp virun der nächster schwéierer Aufgab. E Sonndeg ab 18 Auer rullt de Ball zu Wegdichen, wou déi Wëltzer hir Heemmatcher spillen.

A 6 Matcher huet d’Heemekipp 12 Punkte gesammelt. Iwwerraschenderweis hu sech de Sanel Ibrahimovic a Co. Mamer missen de leschte Spilldag geschloe ginn. Dofir wäert d’Ekipp vum Trainer Dan Huet alles drusetzen, fir schnell nees an déi richteg Spuer ze kommen.

Dat mécht et fir d’Yellow Boys sécher net méi einfach. Mee och si mussen eng Reaktioun no der Leeschtung géint Rëmeleng weisen. Net dobäi sinn de Jonathan Furst (Muskelfaserrëss), Selim Ainahi (Zerrung), Oskar Douty (Kräizbandrëss), Thomas Battaglia (Kräizbandrëss), Paul Gomez (Knéiproblemer), Mamadou Sall (Knéiproblemer), Max Mangen (Zerrung), Giuliano Jackson (Knéiproblemer) a Christopher Gonzalez (Knéiproblemer). Den Asaz vum Kevin Hoffmann (Prellung) ass a Gefor.

Den Trainer Jhemp Almeida muss deemno op e reduzéierte Kader zréckgräifen. Villäicht kënnt Dir eis Ekipp mat Ärer Ënnerstëtzung jo no vir peitschen an hinnen zu weidere Punkte verhëllefen.