Wann Dir e Sonndeg wëllt eis éischt Ekipp zu Wolz ënnerstëtzen (Ustouss um 18 Auer) an awer keng Loscht hutt, selwer an de Norden ze fueren, da kënnt Dir fir 5 Euro pro Persoun vun eisem Fanbus profitéieren.

Den Depart ass um 16.15 Auer bei der Schoul zu Weiler. Umeldung geet bis e Samschdegowend iwwer SMS un de Guy Nennig (621 14 31 30). De Bus huet 50 Sëtzplazen an déi Éischt si vir. De Retour op Weiler ass direkt nom Match.