Um 2. Spilldag vum Championnat hunn eis Seniors II/U23 mat 1:2 zu Kanech verluer.

No 65 Minutten hat de Yann Olafsson d’Yellow Boys a Féierung bruecht, ier Kanech an der 67. an 71. Minutt zougeschloen huet.

“Déi 1. Halschent ass Kanech besser an de Match erakomm, hat méi Ballbesëtz, war awer just 3-4 Mol geféierlech. Mir hunn op Konter gespillt, an haten och di eng oder aner gutt Golchance. An der 2. Halschent hu si nees probéiert Drock ze maachen, mir waren awer gutt am Match. Si sinn ëmmer méi nervös ginn a mir ëmmer besser. An der 67. Minutt huet de Jérémy Malonga sech op der rietser Säit duerchgesat, an eran op de Yann Olafsson geflankt, deen eleng virum Gol den 1:0 markéiert huet. Leider ass et net esou bliwwen. Kuerz dono huet e Kanecher Spiller vun der Mëttellinn wollten eng laang Flank erabréngen, mee leider ass seng Flank direkt an de Wénkel geflunn. Den 2:1 huet Kanech op e Konter hi geschoss. De Stiermer huet sech mat engem Fouss op säin anere Fouss geschoss an esou zum 2:1 getraff. Mir hate nach 2-3 gutt Chancen fir den Ausgläich, leider ass eis dësen awer net gelongen. Am grousse Ganzen ee gudde Match vun eiser Ekipp, 1 Punkt wär méi wéi verdéngt”, sou den Trainer Orlando da Rocha.

Opstellung: Ruppert, de Jesus, Bukvic, Walter, Antoine (55.’ Ramcilovic), Schmit, Bernard, Hippert (65.’ Joyandet), di Bari, Olafsson, Malonga