3 Matcher hannerteneen huet eis éischt Ekipp an der Éierepromotioun net verluer. Dës Serie soll zu Mamer ausgebaut ginn.

No der 2:0-Victoire géint Jonglënster steet e Sonndeg ab 16 Auer zu Mamer e weidere wichtege Match um Programm. Leider kann den Trainer Jhemp Almeida net op säi komplette Kader zréckgräifen. Feele wäerten de Johan Bellini (Aanoperatioun), Joyce Regazzi (Zerrung), Jonathan Furst (Muskelfaserrëss), Selim Ainahi (Zerrung), Cliff Bernard (Trainingsréckstand), Oskar Douty (Kräizbandrëss), Thomas Battaglia (Kräizbandrëss), Jean François Bosso (Hëftproblemer) an Amadou Camara (privat Grënn).

Déi Mamer hu leschte Spilldag och hir éischt Victoire fir dës Saison konnte feieren. Doheem gouf et en 3:2-Erfolleg géint Kanech. De Mickaël Jager huet 2 Goler dozou bäigedroen an hien ass et och, dee Weiler muss e Sonndeg ausschalten. Bei Mamer feele wäert de Patrice Mondon-Konan, dee géint Kanech vum Terrain gesat gouf.

Kommt all e Sonndeg op Mamer an hëlleft eise Jongen, fir weider Punkten ze sammelen! Hei ass Weiler!