Eis Seniors II/U23 hunn um Méindegowend e Virtour vun der Coupe gespillt. Am Dieltchen gouf et eng 5:1-Victoire géint Kolmer-Bierg.

No enger Véierelsstonn sinn d’Yellow Boys a Féierung gaangen. No enger gudder Flank vum Marco di Bari huet de Yann Olafsson de Ball eragekäppt. A Weiler war och weiderhi geféierlech, mee zwee Kappbäll vum Ante Bukvic no Corneren si leider net am Gol gelant. An der 40. Minutt sollt den zweete Gol awer falen. De Jérémy Malonga huet de Marco di Bari bedéngt an deen huet de Ball zum 2:0 an de Filet gesat.

Dräi Mol Olafsson

An och an der zweeter Halschent huet d’Heemekipp direkt den Toun uginn. De Yann Olafsson huet vun engem Ofpraller profitéiert, fir de Score op 3:0 ze setzen. Kolmer-Bierg konnt zwar op e Fräistouss hin verkierzen, mee an der 90. an 91. Minutt hunn d’Yellow Boys alles kloer gemaach. Et war nees de Yann Olafsson dee no engem Kappball vum Ante Bukvic do war, fir de 4:1 ze markéieren, ier de Jérémy Malonga no enger Pass vum Ervin Huremovic fir de Schlusspunkt gesuergt huet.

“Mir waren déi besser Ekipp an dat hu mir och um Terrain gewisen”, sou den Spillertrainer Orlando da Rocha.

An der 1/32-Finall treffen d’Yellow Boys op Monnerech.

Opstellung: Pina Cruz, de Jesus, Bukvic, Meylender (67.’ Walter), Silva Carvalho, Huremovic, Lamesch (67.’ Ruppert), Hippert, di Bari (67.’ da Rocha), Olafsson, Malonga