Um véierte Spilldag an der Éierepromotioun gouf et fir eis éischt Ekipp eng 2:0-Victoire géint Jonglënster – déi éischt Victoire an der Promotioun.

An der éischter Halschent goufen et Golchancen op béide Säiten, mee Weiler hat déi méi grouss Méiglechkeeten. Laang ouni Erfolleg. An der 44. Minutt ass dunn awer den éischte Gol gefall. No enger Pass an d’Mëtt huet e Jonglënster Spiller de Ball an den eegene Gol geschoss -> 1:0 fir d’Yellow Boys.

No 63 Minutten hat Weiler eng Riisechance, mee de Golkipp vu Jonglënster huet e Lob vum Glenn Borges sensationell iwwer d’Lat gehuewen. Den zweete Gol ass an der 74. Minutt gefall: No engem Corner huet de Paul Gomez de Ball volley geholl an den Joyce Regazzi huet en an de Gol weidergeleet. Et ass beim verdéngten 2:0 bliwwen.

D’Bäll goufe gestëft vu Soclima.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Jackson, Gomez, Regazzi, Mangen (58.’ Huremovic), Bellini, Teles (62.’ Garcia), Rougeaux (76.’ Silva Carvalho), Borges