Um Samschdeg haten eis Scolaires hiren zweeten Testmatch. Géint Rëmeleng gouf et eng 4:5-Defaite.

“D’Spiller hu probéiert, d’Spill vun hannen opzebauen. Mir hate gutt Phasen, hunn awer insgesamt net genuch Vitesse am Spill gehat. Defensiv feelt eis déi néideg Aggressivitéit, do musse mer dru schaffen”, sou den Trainer Joyce Regazzi.