E Sonndeg gëtt de véierte Spilldag an der Éierepromotioun gespillt. Eis éischt Ekipp trëfft doheem ab 16 Auer op Jonglënster.

Och wann d’Yellow Boys an dëser Saison wuel an all Match den Underdog sinn, kéint sech e Sonndeg déi éischt Méiglechkeet bidden, fir eng Victoire ze feieren. Jonglënster ass mat 0 Punkten aus 3 Matcher an d’Saison gestart a reest scho mat ganz vill Drock an den Dieltchen. Béid Ekippen wäerten sech wéi an der noer Vergaangenheet näischt schenken.

Net am Kader vun de Yellow Boys sinn den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss), Oskar Douty (Kräizbandrëss), Selim Ainahi (verletzt), Jean François Bosso (verletzt), Michel Martins (verletzt), Kevin Hoffmann (Vakanz), Amadou Camara (privat Grënn) a Cliff Bernard (Aarbecht). Den Joyce Regazzi a Jonathan Furst sinn ugeschloen.

Kommt all e Sonndeg op Weiler an hëlleft eiser éischter Ekipp den drëtte Match hannerteneen ze punkten a villäicht jo souguer déi éischt Victoire an der Éierepromotioun ze feieren.