Virun 163 Payanten huet Weiler um 2. Spilldag säin éischte Punkt an der Éierepromotioun kritt. Bei méi wéi 30 Grad gouf et en 1:1 géint Mäertert-Waasserbëlleg.

No 9 Minutten hunn d’Gäscht en éischte Warnschoss ofginn, mee deen ass laanscht de Gol gaangen. An och no enger Véierelsstonn huet Mäertert-Waasserbëlleg op de Gol geschoss, mee de Christopher Gonzalez hat keng Problemer, de Ball festzehalen. An och kuerz dono war de Gonzo do, fir e Fräistouss ze entschäerfen. Eis Nummer 23 war dee Weiler Spiller, deen an der Ufanksphas am meeschten am Mëttelpunkt stoung, well an der 20. Minutt huet hien nees e Géigegol verhënnert. 

No 31 Minutten konnt hien de 0:1 du net méi vermeiden. Mäertert-Waasserbëlleg huet d’Lächer an der Weiler Ofwier genotzt a sech a Féierung bruecht. 

No 38 Minutten waren d’Gäscht du just nach zu 10, well ee Spiller mat Giel-Rout vum Terrain geflunn ass. 

An der 43. Minutt huet Weiler e Liewenszeeche vu sech ginn, mee e Wäitschoss vum Michel Martins ass leider nieft dem Gol gelant. Sou sollt et mat 0:1 an d’Paus goen. 

Pech fir d’Yellow Boys an der 59. Minutt: E stramme Schoss vum Levy Rougeaux ass widder d’Lat geflunn. Besser ass et dunn an der 62. Minutt gelaf. De Glenn Borges huet de Ball ofpralle gelooss an de Johan Bellini huet sech kuerz no senger Awiesslung an d’Geschichtsbuch vum Weiler Fussball ageschriwwen. Hien huet den 1. Gol fir d’Yellow Boys an der Éierepromotioun geschoss. 2 Minutte méi spéit Riisechance op den 2:1, mee de Levy Rougeaux konnt e krassen Ofwierfeeler vum Géigner net notzen. 

An der 67. Minutt wier dat bal bestrooft ginn, mee den Andy Reuter huet mat engem wichtegen Tackling kuerz virum Gol gekläert. 10 Minutte méi spéit ass e Schoss vun de Gäscht, déi och zu 10 Gas ginn hunn, just laanscht dem Weiler Gol gelant – Opootmen bei de Yellow Boys!

An engem Match, dee béid Ekippen hätte fir sech entscheede kënnen, ass et beim 1:1 bliwwen.

D’Bäll goufe gestëft vun Bâloise Assurances – Agence Feel Safe by Guy Beck. 

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Jackson (46.’ Hoffmann), Gomez, Bosso, Regazzi, Martins,  Teles (60.’ Bellini), Mangen (46.’ Rougeaux), Borges