Den éischte Match vun de Yellow Boys an der Éierepromotioun war alles an allem gelongen. Just d’Resultat huet net gestëmmt. De 0:1 géint Hesper duerch deen zweiwelhaften Eelefmeter soll elo schnellstméiglech a Vergiessenheet geroden. E Sonndeg steet de nächste Match un. Doheem geet et ab 16 Auer géint d’Union Mäertert-Waasserbëlleg.

De Fusiounsveräin ass och mat enger Defaite an d’Saison gestart. Géint RM Hamm Benfica hat d’Ekipp vum Trainer Carlo Trierweiler beim 1:3 net vill ze gutt. Mäertert-Waasserbëlleg ass an der Vergaangenheet net de Liiblingsgéigner vun de Yellow Boys gewiescht. An der Saison 2015/2016 si béid Championnatsmatcher verluer ginn (1:3 a 0:3) an an der Coupe de Luxembourg gouf et 2017/2018 eng 1:3-Defaite.

De Grupp vum Trainer Jhemp Almeida bleift dee selwechten wéi leschte Sonndeg,

Kommt all op Weiler an ënnerstëtzt eis Ekipp, fir dass se hiren éischte Punkt an der Éierepromotioun ka feieren!