No der 0:1-Defaite um 1. Spilldag an der Éierepromotioun bléckt eisen Trainer Jhemp Almeida op de Match zréck. Mat senger Ekipp war hien zefridden.

“No enger net esou gudder Preparatioun, war d’Zil géint Hesper defensiv organiséiert gutt ze stoen an do weider ze fueren, wou mer lescht Saison opgehalen hunn. Dofir hunn och 9 Titulairen vun der leschter Saison ugefaangen, a si hu bewisen, dass se den Niveau, fir an der Éierepromotioun ze spillen, hunn. Hesper hat de Ball a war spilleresch kloer besser, mee mir haten och eis 3 Grousschancen. Leider hu mir kuerz virun der Paus e ganz dommen Eelefmeter gepaff kritt. Den Arbitter, deen guer net gepaff huet, a näischt gesinn huet, huet sech do net mam Linneriichter verstanen. Et ware genuch Leit um Terrain a net vill hunn d’Decisioun verstanen, mee dat gehéiert zum Fussball an och si maache Feeler. Den Hesper Ofwierspiller hätt och missen an der Ufanksphas Giel-Rout kréien, mee och do ass den Arbitter de Problemer léiwer aus dem Wee gaangen. Den Hesper Trainer huet dat jo erkannt a säi Kapitän direkt ausgewiesselt… Insgesamt sinn ech zefridden mat der Leeschtung, mee elo kommen aner schwéier Matcher. D’Ekipp huet zesummegehalen, organiséiert an konzentréiert gespillt.”