Um Samschdeg huet den FC Yellow Boys säin éischte Match an der Éierepromotioun gespillt. Am Dieltchen war den FC Swift Hesper op Besuch. Um Enn gouf et eng 0:1-Defaite géint de grousse Favorit op den Opstig, deen awer zu Weiler viru 400 Zuschauer villes schëlleg bliwwen ass.

An der éischter Halschent goufen et Chancen op béide Säiten. An der 30. Minutt huet de Jean François Bosso op der Linn fir Weiler gerett. 3 Minutte méi spéit hat de Glenn Borges den 1:0 do leien. Hie war scho laanscht den Hesper Golkipp Enzo Esposito, krut de Ball awer net laanscht de leschten Hesper Ofwierspiller. Och 4 Minutte méi spéit hätt de Glenn Borges kënne markéieren, mee dës Kéier war de Golkipp do.


Cadeau fir Hesper dunn an der 44. Minutt: Den Arbitter huet als éischt fir e Feeler Fräistouss ginn a sech dunn mat sengem Assistent iwwerluecht, dass et Eelefmeter wier. Dës Entscheedung huet fir vill Diskussioune gesuergt. Den Aydine Correia huet den Eelefmeter zum 1:0 eragesat.

An och an der zweeter Halschent huet Weiler déi eng oder aner Kéier probéiert, déi Hesper z’iwwerraschen, mee de Glenn Borges huet sech oft missen eleng géint déi Hesper Ofwier ofrackeren. E Punkt géint eng Ekipp, déi aus ville Profie besteet, wier net geklaut gewiescht an opgrond vun deem zweiwelhaften Eelefmeter behält dee Match e Nogoût.

Merci all de Weiler Jugend Spiller, déi trotz dem Reen present waren, fir mat den Ekippen anzemarschéieren.

De Ball gouf iwwregens gestëft vun der Firma Soclima.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Jackson, Gomez, Bosso (83.’ Teles), Regazzi, Mangen (59.’ Bellini), Martins, Rougeaux (72.’ Hoffmann), Borges