E Samschdeg um 18 Auer ass et endlech souwäit: Fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht wäerten d’Yellow Boys vu Weiler e Match an der Éierepromotioun spillen. Zum Optakt kënnt et direkt zu engem sauere Match. Et geet nämlech géint de grousse Favorit op den Opstig, FC Swift Hesper.

An der Ekipp vum Trainer Dan Theis sinn e ganze Koup Profien a nodeems de Spiller vum Holleschbierg déi lescht Saison an der Schlussphas vum Championnat d’Loft ausgaange war, huet den Investor Flavio Becca de Kader nach emol enorm verstäerkt. An de Preparatiounsmatcher huet Hesper an de leschte Wochen och géint Ekippen aus der BGL Ligue gewisen, wéi een Potenzial an der Ekipp stécht.

D’Yellow Boys haten hirersäits eng Preparatioun, déi net ëmmer no Wonsch verlaf ass. Géint Hesper gëllt et, sech schnell un de Rhythmus ze gewinnen, fir villäicht fir eng Iwwerraschung ze suergen.

Verzichte muss den Trainer Jhemp Almeida op den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss), Ante Bukvic (Vakanz), Oskar Douty (Kräizbandrëss), Jonathan Furst (Zerrung), Amadou Camara (Ausland) a Francisco Garcia (Aaproblem).

D’Ekippen ginn iwwregens vu Jugendspiller vun de Yellow Boys op den Terrain begleet. Kommt all an den Dieltchen a feiert eis Ekipp sou un, wéi der et och beim Barragematch oder an der Finall vun der Coupe FLF gemaach hutt!