Um Mëttwochowend hat eis éischt Ekipp e weideren Testmatch. Am Dieltchen gouf et eng 1:3-Defaite géint Rëmeleng. Duerch Goler vu Fostier, Mendes a Lusamba louchen d’Gäscht an der Paus mat 3:0 vir. Déi zweet Halschent sollt just nach Weiler markéieren, dat an der Persoun vum Michel Martins.