De Christian Reuter geet a seng 5. Saison als President vun de Yellow Boys. Wat him als Spiller net gelongen ass, sollt him awer als Prési geléngen, den éischten Opstig vu Weiler an d’Éierepromotioun. Am Interview erkläert de Chrëscht, wat hien sech vun der Saison erwaart a wat et fir de Club bedeit, dass en souvill Jugendspiller huet.

Wéi grouss ass d‘Virfreed op déi éischt Saison an der Éierepromotioun?

D‘Virfreed ass natierlech ganz grouss. Mir léieren endlech nei Géigner ënnert Wettkampfmodus kennen, gesi nei Terrainen an aner Leit. No enger Rei Joren an der 1. Divisioun, ass dëst och een Aspekt, deen interessant ass. A natierlech ee gewëssenen Stolz ass och dobäi, dass mir dëst als „klenge“ Club gepackt hunn, mat dach éischter bescheidenen finanziellen Méiglechkeeten.

Wat sinn d’Erwaardunge vum Veräin fir déi nächst Saison?

Reng sportlech musse mir eis séier un de Rhythmus vun der Éierepromotioun upassen, wou et nach méi séier an athletesch gëtt. Mir mussen eis Qualitéiten op den Terrain bréngen, an da si mir a ville Matcher definitiv net chancelos. Insgesamt si mir als Club houfreg drop, um 2. Niveau am Land Fussball däerfen ze spillen. Mir musse just mat béide Féiss um Buedem bleiwen, a weider schaffen, sou wéi mir dëst an deenen leschten Joren gemaach hunn.

Wéi ass d’Preparatioun verlaf?

D‘Preparatioun ass esou gelaf wéi quasi ëmmer. Vu dass mir keen kënnen zwéngen, net an d‘Vakanz ze goen, huet deen een oder anere Spiller een Deel vun der Preparatioun verpasst. Vu dass den physeschen Aspekt dëst Joer nach méi wichteg wäert sinn, kéint dat ee Problem duerstellen. Vun de Resultater hier ass sécherlech nach vill Loft no uewen do. Mee d‘Punkte gi jo bekanntlech eréischt am Championnat verdeelt.

Wéi zefridden ass de President mam Rekrutement?

Insgesamt musse mir zefridde mam Rekrutement sinn. Et brauch ee net wäit ronderëm ze kucken, fir ganz aner finanziell Moyenen virzefannen, wéi déi, déi mir bidden kënnen. A beim Rekrutement spillt zu engem groussen Deel nun eben emol dat Finanziellt ee wichtege Part. Mir hunn e puer gutt an erfuere Spiller konnten iwwerzeegen, mat vill Verhandlungsgeschéck, sech fir een Transfert op Weiler ze entscheeden. Och e puer jonk Talenter sinn dobäi. An net ze vergiessen, komme lues an lues och eis Eegegewächser am Kader bäi, déi a noer Zukunft sécher eng gutt Roll spille wäerten.

Am éischte Match kënnt mat Hesper e Samschdeg direkt e grousst Kaliber op Weiler. Wat sinn d’Erwaardungen un dee Match?

Éierlech gesot, ass et schonn esou, wéi mir eis et virgestallt hunn. Insgesamt hu vill vun eis gehofft, direkt am éischte Match géint eise Noper a grousse Favorit op den Opstig, de Swift Hesper, ze spillen. Op dëst elo ee Vir- oder Nodeel wäert sinn, dat gesi mir no de 90 Minutten. Mir wäerten natierlech mat Respekt an de Match goen, mee mir hunn och eis Argumenter, fir dem grousse Favorit villäicht ee Been ze stellen.

Wat sinn deng Gefiller wann s de elo mat e bësschen Recul op déi lescht Saison zréckkucks?

Ech kucke mat grousser Satisfaktioun a Stolz op déi Saison zréck, déi bescht an der Veräinsgeschicht, ouni Zweiwel. Jiddereen vun eis huet säin Deel dozou bäigedroen, sief dat d‘Spiller, den Trainerstaff, meng Leit am Comité, oder jiddereen deen eng Hand ugepaakt huet. Mee net nëmmen de Seniorsberäich huet Topresultater erzielt, och an eiser Jugend ass Topaarbecht gemaach ginn, an och hei sinn d‘Resultater excellent. Hei ee groussen Merci un all d‘Kanner, Elteren, Jugendtrainer a natierlech un d‘Jugendkommissioun fir hiren Asaz. Zu gudder Lescht well ech awer och dovu profitéieren, all eise Benevollen, de Gemengeresponsabelen an de Gemengeservicer ee besonnesche Merci ze soen, fir all déi Ënnerstëtzung iwwert all déi Joren. Ouni si geet et net.

Am Jugendberäich gëtt déi nächst Saison fir déi éischte Kéier d’Grenz vun 200 lizenzéierte Jugendspiller geknackt. Wat bedeit dat dem Club?

Dëst bedeit virun allem, dass de Club onheemlech attraktiv ass. Een Zeechen, dass gutt Aarbecht geleescht gëtt. Et bedeit awer definitiv och, dass mir un eis logistesch an organisatoresch Grenzen stoussen. Mir kënnen d‘Traininger mat engem ganzen an engem Véierelsterrain fir déi ganz Unzuel u Spiller net méi gutt organiséieren, soudass fréier oder spéider d‘Qualitéit vum Training drënner leid. Mir komme net dolaanscht, wann dëst esou bleift, dass mir ee kompletten 2. Terrain brauchen. Dëst ass natierlech net esou einfach ze realiséieren, dat wësse mir och. Kuerzfristeg musse mir da noutgedrongen d‘Unzuel limitéieren, andeems mir ee Choix musse maachen, wien däerf a wien net däerf bei eis spille kommen. Dëst wéilte mir am Fong evitéieren.

Weieng Projeten huet de Veräin nach kuerzfristeg?

Mir hunn dëst Joer d‘Jugendkommissioun nei opgestallt, nodeems den Jo Groff eis matgedeelt huet, eng Paus ze machen. 😊 Dee neie President a säin Adjoint, de Luis Pereira an de Jeff Schmit, hunn direkt hier Aarbecht opgeholl a vill nei Iddien erabruecht, soudass dës Ëmstellung reiwungslos iwwert d‘Bühn gaangen ass. A noer Zukunft musse mir et fäerdeg bréngen, Leit ze begeeschteren, eng offiziell Charge am Club, an haaptsächlech am Comité z’iwwerhuelen. D‘Belaaschtung gëtt fir eis ëmmer méi grouss, an dofir ass all Hëllef wëllkomm.

Hues du nach e Message un d’Frënn vun de Yellow Boys?

Ech wënschen eis all eng flott, spannend Saison, dass mir eis Zieler erreechen, an dass mir als Club weider déi Wäerter vermëttelen, déi wichteg sinn. HEI ASS WEILER!