Eis éischt Ekipp huet um Freidegowend un der Coupe Gaston Diderich am Pafendall deelgeholl. Géint Beggen gouf et eng 0:1-Defaite.

De Gol vum Match sollt an der 35. Minutt mat engem Lob aus 40 Meter geschoss ginn. Kuerz viru Schluss huet de Walid Chentouf nach en Eelefmeter fir d’Yellow Boys verschoss.

E Sonndeg um 15 Auer trëtt d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida um 15 Auer géint Märel-Belair un. De Red Star hat sech dem Red Black Egalité misse mat 0:9 geschloe ginn.