Déi éischt Fotoen vun eiser Summeraktioun sinn do. Schéckt och Dir eis Är Fotoen op foto@yellowboys.lu

D’Nathalie Hoffmann a säi Mann hu sech et an de Yellow-Boys-T-Shirten gutt op Kuba goe gelooss.
De Gerry Schmit, Marc Reuter, Carel Thoss, Army Dobbins, Änder Klein a Fränk Thill bereeden an der Drôme déi nei Saison vir.
De Leo Vandivinit huet mat de Poussins e Match um Strand zu Tagliata di Cervia op der Adria gespillt.

Seng Schwëster Julie huet eng nei Cocktailbar fir um Weili Cup gebaut.
D’Famill Nennig gréisst d’Yellow Boys vu Cannes.
De Nick, Kevin a Brian Zender am Yellow-Boys-T-Shirt zu Panormo op Kreta.
Si schécken och frëndlech Gréiss un d’Géigner vu nächster Saison … Hei ass Weiler!
De Vin Schmit ass mat de Grousselteren zu Domburg am Badhotel an huet extra am Weiler Hoodie op engem Bam poséiert.
De Luca an d’Rachele denken och zu Monopoli/Bari mat hire Kanner un d’Yellow Boys.
Den Enzo Reichert huet de Weiler T-Shirt direkt nom Surfen zu Sagres an der Algarve ugedoen.
Den Antonio Intini a seng Famill schécken de Yellow Boys bei knappe 35 Grad am Schied e waarme Bonjour vun Antalya.
Den Eric an de Noah Schanen sou wéi hir ganz Famill gréissen d’Yellow Boys vu Stranda-Geirangerfjörd a Norwegen.
D’Famill Dobbins ass mam Auto de Col de la Chaudière eropgefuer.
De Luis Pereira huet de Fändelchen vun de Yellow Boys am Bagdad Café op der Route 66 opgehaangen.