Eis Pupilles koumen um Turnéier vun der Jeunesse op déi 3. Plaz vu 9 Ekippen.

Géint d’Jeunesse I gouf et eng 1:4-Defaite an och de Match géint Monnerech gouf mat 0:5 verluer. Dono sinn d’Yellow Boys op Toure komm. Géint Éilereng (3:1), CS Uewerkuer (3:0), d’Jeunesse III (3:0), Bieles (1:0), Schëffleng (3:0) an d’Jeunesse II (3:0) konnte Victoire gefeiert ginn.

“Mir sinn eis och um leschten Tournoi trei bliwen an hu wi ëmmer den Optakt komplett verschlof. Duerno hu meng Jongen nees gewise, wat si kënnen an hir Géigner regelrecht widdert d’Mauer gespillt, fir um Enn nach verdéngt op de Podium ze klammen. De Gros vun der Equipe spillt nächst Saison eng Kategorie méi héich, an ech sinn elo scho ferm jalous op den Trainer, deen dës super Jongen däerf coachen. Merci fir alles, Jungs! Ech loossen iech nëmmen schwéieren Häerzens goen”, sou den Trainer Léon Zahlen.