Déi 66. Generalversammlung vum FC Yellow Boys Weiler-la-Tour stoung um Donneschdegowend ganz am Zeechen vum Erfolleg. Souwuel d’Resultater vun der 1. Ekipp wéi och déi vun der Jugend hunn dofir gesuergt, dass ee nëmmen zefridde Gesiichter an der Buvette am Dieltchen gesinn huet. Och d’Finanze vum Club si gesond.

“Déi bescht Saison an der Geschicht”

A senger Begréissungsried huet de President vum Veräin, Christian Reuter, op d’Saison 2018/2019 zréckgekuckt an d’Wieder gebraucht, déi de Nico Keiffer virun 2 Joer benotzt hat, fir dem Tennisspiller Gilles Muller seng Victoire géint de Rafael Nadal zu Wimbledon ze beschreiwen: “ausserierdesch, galaktesch, phänomenal, exzellent a fantastesch”. De President huet sech houfreg gewisen, dass d’Ekipp fir déi 1. Kéier den Opstig an d’Éierepromotioun gepackt huet a mam Gewënn vun der Coupe FLF och den 1. offiziellen Titel op Weiler geholl huet. “Et war déi bescht Saison an eiser Geschicht!” Ervirgehuewen huet de Christian Reuter, dass d’Ekipp op eng exemplaresch Aart a Weis harmonéiert huet a ganz disziplinéiert war. Och d’Ënnerstëtzung vun de Supporter war top.

Un dës ass dann och en Appell fir déi kommend Saison gaangen: “Et wäert schwéier ginn, deen do Rhythmus bäizehalen, well mer elo eng Klass méi héich spillen. Mee mir mussen d’Ekipp och ënnerstëtzen, wann et mol ee Moment net sou gutt sollt goen”, huet de President gemengt. Fir an der Promotioun matzehalen, goufen souwuel d’Qualitéit wéi och d’Quantitéit am Kader erhéicht.

Wat d’Saison vun de Seniors II/U23 ugeet, war de President och ganz zefridden, dass dës Ekipp ouni Problemer konnt de Maintien an der 2. Klass feieren. “D’Zil ass et och déi nächst Saison, dass d’Spiller, déi zum erweiderte Kader vun der 1. Ekipp zielen, do Spillpraxis kréien an eis jonk Talenter an dëser Ekipp un de Seniorsberäich erugefouert ginn.”

Administrativ Hürden

Houfreg war de Christian Reuter och dorop, dass d’Cadets, d’Scolaires, d’Minimes I an d’Minimes II am 2. Tour vum Championnat opgestige sinn. “Mir hunn fir déi nächst Saison och nees 12 Jugendekippen ugemellt a sinn domat an den Top Ten vun de Veräiner zu Lëtzebuerg, wat d’Umeldungen ugeet. Dofir stousse mer mat den Trainingen un eis Grenzen. Mir hunn 1 groussen Terrain an 1 klengen. Dobäi bräichte mer en 2. groussen Terrain. Duerch de Wuesstem vum Veräin ginn och déi administrativ Hürden ëmmer méi héich. Villäicht muss een driwwer nodenken, an Zukunft Leit anzestellen, déi sech dorëm këmmeren. Déi nächst Saison ginn och nach e ganze Koup Leit gebraucht, déi eis hëllefen, d’Matcher vun der 1. Ekipp z’encadréieren. Mir wiere frou, wann sech do géifen e puer Leit mellen. Villmools Merci am Numm vum Comité un all eis Benevollen, déi eis dat ganzt Joer ënnerstëtzen”, huet de President och op déi verschidden Aufgaben a Schwieregkeeten higewisen, mat deenen d’Yellow Boys ze kämpfen hunn.

De Sekretär Claude Mitsch huet dono déi sportlech Resultater nach emol zesummegefaasst an huet d’Leit informéiert, dass déi nächst Saison an all Kategorie (mat Ausnam vun de Jeunes filles an de Fraen) eng reng Weiler Ekipp wäert untrieden. Och déi sëllech Manifestatiounen, déi de Veräin organiséiert, si nach emol opgelëscht ginn.

Erfreelech waren d’Rapporten vun den 2 Caissieren Ralph Bourgnon (Comité) a Carel Thoss (Jugendkommissioun), déi allebéid konnten e Benefice presentéieren. De Veräin steet op gesonde Féiss.

Impressionnant Zuelen

Impressionnant ware weider Zuelen, déi vum Joël Groff presentéiert goufen. 565 Trainingen, 182 offiziell Matcher, 8 Coupematcher, 9 Tier am Futsal an 168 Spiller stoungen op der Fiche, déi d’Saison bei der Jugend resuméiert huet. “Hei ass ni Paus. Als Prési soen ech der Jugendkommissioun Merci fir dat, wat dir fir d’Kanner maacht. Och dem Comité, de Jugendtraineren an den Elteren Merci fir den Interessi um Veräin. An e besonnesche Merci dem Jugendkoordinator Lucien Pina Cruz, hien ass de richtege Mann fir eise Veräin. Merci och de Kanner, hei ass eng gutt Jugend”, sou dem Joël Groff seng Wieder, ier en d’Wuert u säi Nofolger als President vun der Jugendkommissioun, de Luis Pereira, ginn huet.

De Luis Pereira huet de Projet vun der Jugend fir déi kommend Saison presentéiert. Aus der Jugendkommissioun sinn de Joël Groff an d’Martine Groff ausgetrueden. Nei Memberen sinn de Christophe Cum, Luca Marinelli, Gilles Nober, Mike Rieffer, Christian Rodrigues, Claude Steffes a Laurent Welter. “Bis elo sinn 200 Kanner fir déi nächst Saison bei eis ugemellt. Do kommen der am September, wann d’Schoul ugeet, normalerweis nach bäi. Mir hunn déi nächst Saison 12 Ekippen, déi vun 17 Traineren encadréiert ginn. Et wäerten 19 Trainingen pro Woch um Terrain ofgehale ginn. Bei de Bambinis a Scolaires gi nom Wanter villäicht nach jee 1 zousätzlech Ekipp ugemellt”, sou de neie President vun der Jugendkommissioun.

Aus dem Comité sinn de Joël Groff an den Henning Theobald ausgetrueden an et ass kee neie Kandidat do gewiescht, fir Comitésmember ze ginn. Als Kaddo un de Veräin huet den Henning Theobald e Banner un d’Co-Traineren vun der 1. Ekipp, Patrick Gloden an Orlando da Rocha iwwerreecht, op deem nach laang un de Gewënn vun der Coupe FLF wäert am Dieltchen erënnert ginn.

Déi 1. Schäffin vun der Gemeng Weiler, Andrée Colas, déi de beruflech verhënnerte Buergermeeschter Vincent Reding vertratt huet, huet gemengt: “Äre Succès ass wichteg, mee och Är Jugendaarbecht an déi grouss sozial Komponent vun Ärem Veräin si wichteg. D’Vache qui flatte an de Weili Cup sinn och iwwer d’Grenzen vun eiser Gemeng eraus bekannt. Mir hunn och Äre Ruff no engem 2. Terrain héieren, mee am Moment huet d’Developpement vum neie Schoulkomplex Prioritéit. Dir wäert awer och weiderhin op d’Ënnerstëtzung vun eis kënnen zielen.”

Zesummen mam Nadine Nober aus der Sportskommissioun huet d’Andrée Colas dunn déi verschidde Jugendekippen fir hiren Opstig geéiert.

De President vun de Yellow Boys, Christian Reuter, huet dono e weider Mann geéiert, nämlech de Gasty Theisen, dee viru kuerzem mat 73 (!) Joer säi leschte Match an der Härenekipp gespillt huet. De Gasty Theisen hat eng Ried virbereet, an der en op seng Zäit am Veräin agaangen ass. “Ech si stolz e bescheidene Member vun dësem Veräin ze sinn. Mat 16 Joer hunn ech hei ugefaangen a mäin Heemechtsveräin ni verlooss. Merci fir déi vill schéin a flott Momenter. Hei war scho laang Weiler, hei ass Weiler an hei wäert och ëmmer Weiler bleiwen!”

Zum Ofschloss krute nach d’Haaptsponsoren an d’Gemeng Souveniren, déi un déi aussergewéinlech Saison vun der 1. Ekipp erënneren. De Ronny Kettmann vum Kicheconcept huet och folgend Wieder un d’Gemengeresponsabel an d’Memberen vum Veräin geriicht: “Mir sinn déi gréisste Crèche hei zu Weiler an dofir muss ee kloer soen, dass en 2. Terrain feelt. Mir brauchen ausserdeem nach Sponsoren, well mir hunn dee mannste Budget an der Éierepromotioun. Wann also een e potenzielle Sponsor kennt, dann deelt dem Veräin et mat.”

An enger ausseruerdentlecher Generalversammlung ass am Uschloss nach eng Statutenännerung virgeholl ginn. Ab nächstem Joer muss d’Invitatioun fir d’Generalversammlung net méi 14 Deeg virum Rendezvous per Bréif verschéckt ginn, mee kann 8 Deeg virum Datum mat engem Bréif oder per E-Mail verschéckt ginn oder op der Internetsäit vum Veräin publizéiert ginn.