An och de leschten Turnéier vum Weili Cup war e groussen Erfolleg. Bei de Minimes huet sech d’Fola an der Finall géint Hueschtert duerchgesat.

Nom Turnéier kruten och verschidden Trainer, déi ophalen, e Kaddo, genau wéi de President vun der Jugendkommissioun, Joël Groff, a seng Fra Martine, déi nächst Saison keng offiziell Funktioun méi am Veräin wäerten hunn.