Um éischten Dag vum Weili Cup goufen et nees vill zefridde Gesiichter. Souwuel d’Kanner wéi och d’Organisateuren ware ganz zefridden.

Bei de Bambinis huet Munnerëf an der Finall géint den F91 gewonnen. Hei déi weider Plazéirungen: 3. Racing, 4. Mäertert-Waasserbëlleg, 5. Jeunesse, 6. Menster/Kanech, 7. Syrdall/Mënsbech, 8. Wuermer, 9. Weiler 2, 10. Syrdall/Mutfert, 11. Fola, 12. Ierpeldeng, 13. Bieles, 14. Weiler 1, 15. Dikrech, 16. Weiler 3

Bei de Poussins huet Stroossen d’Finall géint Ierpeldeng gewonnen. Déi weider Plazéirungen: 3. Rouspert, 4. Munnerëf, 5. Elan Kobheen 1, 6. Syrdall, 7. Cattenom, 8. Wuermer, 9. Weiler 2, 10. Weiler 1, 11. Schëffleng, 12. F91, 13. Fola, 14. Menster/Kanech, 15. Elan Kobheen 2, 16. Weiler 3.

Um Sonndeg geet et um 10 Auer mat de Pupilles weider, ier d’Minimes ab 14.30 Auer Gas ginn.