Eis Pupilles mat 2 Bambinis hunn um Samschdeg um Turnéier zu Märel deelgeholl. Um Enn sinn si op déi 5. Plaz ënner 10 Ekippe komm. An der Gruppephas hunn d’Yellow Boys géint Munnerëf (1:2), Mamer (1:3), Märel (1:0) a Monnerech (0:1) gespillt. Dat huet déi 3. Plaz an der Grupp bedeit. Am Match ëm déi 5. Plaz gouf et dunn eng 4:0-Victoire géint Äischdall.