Eis Bambinis sinn am sonnege Märel déi 6. vun 10 Ekippe ginn. No engem 0:0 géint Äischdall goufen et 2 Defaiten géint Izeg an d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt. Am leschte Match vun der Qualifikatioun hunn d’Yellow Kids mat 1:0 géint Märel-Belair gewonnen. Am Match ëm déi 5. Plaz konnt Weiler just no Siwemeter vu Kielen geschloe ginn.

“Et war e flotten Turnéier a bravo un d‘Kanner an hier Supporter”, sou de Coach Joël Groff.